AUDIO

* an esou vill méi !

IP PRODUCTIONS

Eis Audio Produktiounen

Audio

Maacht d’An zou a lauschtert. Mat eisen Audio Produktiounen gesitt Dir, wat Dir héiert. Wéi Kino, just am Kapp! Vum kreative Konzept fir Äre Radiospot bis zur Ëmsetzung op Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Portugisesch, Däitsch,… vum Repondeur bis bei de Podcast, vun der Identité sonore op Mooss bis zu engem originelle Sounddesign ass alles derbäi – eist Team aus Concepteuren, Iwwersetzer, Regisseuren, Speakeren, Tountechniker a Museker spruddelt nëmmen esou vun Iddien a bréngt Iech iwwert d’Ouer de Kino an de Kapp.

RADIOSPOT

Bréngt a kierzester Zäit eng Informatioun op de Punkt a kann duerch d’Widderhuelung an d’Emotioune vum Storytelling gläichzäiteg den Image vun enger Mark stäerken.

IWWERSETZUNG/ADAPTATIOUN

Mat eise méisproochege Redakteren kënnt Dir Äre Message a verschiddene Sproochen adaptéiere loossen. Entweder als einfach Iwwersetzung, oder als raffinéiert Adaptatioun fir Sloganen a kreativ Konzepter.

Podcasten / Doublagen /
Repondeuren

D’Méiglechkeeten vun enger Audioproduktioun si just duech d’Virstellungskraaft begrenzt. Ob et e Podcast ass, deen et erlaabt bei engem e Sujet méi déif an den Detail ze goen, en Doublage fir e Contenu duerch aner Sprooche méi accessibel ze maachen, oder e Repondeur fir e professionellt Markebild ze halen an dat esouguer um Telefon an der Waardeschlaang. IP Product!ons vereinfacht Iech d’Produktioun.

Identité sonore /
Sound Design

Wärend eng Identité sonore et dem Nolauschterer erlaabt eng gewëss Emissioun erëmzeerkennen, hëlleft de Sound Design mat Museken, Spezialeffekter an Hannergrondgeräischer bei all Produktioun fir méi an d’Déift ze goen an Emotioune besser eriwwerzebréngen.