We produce
advertising!*

* an nach méi, wa gewënscht !

IP PRODUCTIONS

Eis Projeten & Produktiounen

IP PRODUCTIONS

Reklamme sinn eis Spezialitéit. An dat schonn ëmmer. Mir kennen d’Konscht derhannert, mee och hir Contrainten. Awer virun allem ass et eis Passioun, déi mir mat eise Clienten an Agencen, déi mat eis zesumme schaffen, deelen.
Eis multikulturell Ekipp ass um lëtzebuergesche Marché doheem a kennt d’Produktiounsketten an d’Lëtzebuerger Mediewelt mat all hire Spëtzfënnegkeeten. Dobäi si mir als Deel vum RTL Group enk verbonne mam Know-How vun der BCE (Broadcasting Center Europe) an och mat der klenger, mee diverser Welt vum Lëtzebuerger Kino. Dat alles si wäertvoll Atouten, op déi mir fir Är ideal audiovisuell a multimedial Kommunikatioun zeréckgräifen.

AUDIO

Konzeptioun a Produktioun vu Radiospotten, Adaptatiounen a verschiddene Sproochen, Podcasts, Sounddesign, Indentité sonore, Musek, Reportagen, Repondeuren, Audiobooks...*
* an d'Lëscht kéint weidergoen

DIGITAL

Konzeptioun a Produktioun vun Internetsitten, CMS, Content Management, digital Reklammen, digital Eventer, Web Shopping...*
* a wat Dir soss nach braucht !

VIDEO

Konzeptioun a Produktioun vu Publicitéits- a Corporate-Filmer, Motion Design, VFX, Podcasts, Aftermovies, Live Eventer, Streaming...*
* an d'Lëscht geet weider !

PRINT

Konzeptioun, Redaktioun, Art Directing, Grafikdesign, Fotografie, visuell Identitéiten, Affichen, Broschüren, Verkleedung vun Autoen, POS...*
* an nach méi!