* an d’Lëscht geet weider !
Am Videosberäich, muss ee wärend all Phase vun der Produktioun kreativ an oppe bleiwen. Et brauch een Iddie fir efficace op en Briefing ze reagéieren. Iddien, fir en ambitiéise Projet an e limitéierte Budget ze kréien. Fir Talenter zesummen ze bréngen an Deadlinen anzehalen. Iddien, fir Äre Video als laang Versioun, als 30-, 15- oder och 5-Sekonne-Versioun, am Horizontalen, Vertikalen, Quadrateschen oder am Cinemascope, als Web-Preroll, oder als Sponsoring vun enger Tëleesemissioun kënnen ze gestalten. Mee virun allem, fir sou erfollegräich Reklammen ze produzéieren, dass Dir se och op der Tëlee oder souguer am Kino wéilt gesinn. Méi entdecken
Vum Briefing bis bei de fäerdege Produit, vum Repondeur bis bei de Kinospot – IP PRODUCTIONS mécht Iech déi audiovisuell Medie méi einfach zougänglech Egal op Dir schonn en Konzept hutt oder vun eis wëllt inspiréiert ginn. Bei eis fannt Dir déi kënschtleresch an technesch Kompetenz, déi Dir braucht fir divers Kommunikatiounsmëttelen optimal ze notzen. An dat mam beschte Präis-Leeschtungs-Verhältnis.
IP Luxembourg Sàrl
43, Boulevard Pierre Frieden
L-1543 Lëtzebuerg
+352 44 70 70-1
contact@ipproductions.lu