Päiperléck

Päiperléck

Client : Päiperléck S.à r.l.

Projet : Neimaache vun der Websäit

Medium : Web

Joer : 2022

Päiperléck S.à r.l. huet eis 2018 de Projet uvertraut fir hir Websäit nei ze gestalten.

D’Zil vu Päiperléck S.à r.l. :
  • Verbesserungen an der Ästhetik, der Ergonomie an der Technologie, alles am Respekt vun der grafescher Charta vum Client.
  • Benotzung vun dengem multilingualen, einfachen a moderne System fir de Contenu vum Site ze geréieren.
  • De Layout vun der Websäit soll sech souwuel un Tablets, Smartphones, Laptoppen, Computeren a Bornen upassen.
  • D’Visitten op der Websäit an d’Verhale vun den online Visiteuren solle gemooss ginn.
  • D’Servicer an d’Residenze besser ervirhiewen
  • Online Visiteure vum Site duerch « Call-to-Action » Buttons unzéien.
  • Adaptatioun a Restrukturéierung vun den Texter un d’Online-Zilgrupp an dobäi déi richteg Mooss fannen tëschent Quantitéit vun Texter a Biller.
  • Eng Plaz virgesi fir Aktualitéiten a Communiqué de presse ze verëffentlechen.
Eis Léisungen:
  • Mir hunn de komplette Site nei gemaach mat engem Layout op d’Mooss an ugepasst un d’grafesch Charta vum Client an am Style vun der Kommunikatioun vu Päiperléck S.à r.l.
  • WordPress, de multilinguale System WPML sou wéi Elementor goufe benotzt, déi et erméiglechen de Layout an d’Rubricken einfach, séier a koherent unzepassen.
  • Moduler op d’Mooss goufe geschaaft fir d’Lëscht vun den Etablissementer (Residenzen, Foyers de jour) an oppen Aarbechtsplazen ze geréieren
  • Fir d’Visitten um Site an d’Verhale vun den online Visiteuren ze moossen hu mir Matomo Analytics benotzt, e System deen änlech wéi Google Analytics funktionéiert, mee méi konform ass mam RGPD (Règlement Général sur la Protection des Données).
  • Natierlech kënne si ëmmer nach vum Service après-vente vun IPPRODUCTIONS an IPDIGITAL profitéiere fir méi komplex Updaten. Zousätzlech offréiere mir en Helpdesk iwwer Mail an Telefon.
  • D’Websäit selwer ass op engem vun eise 4 Hetzner GmbH Serveren ënnerbruecht. Fir d’Platform WordPress géint Cyber-Attacken ze schütze lafen d’Donnéeë vun der Websäit fir d’éischt iwwert d‘Firewall Sucuri an der Cloud wou béisaarteg Elementer erausgefiltert ginn.